DE KAPITÄN MULLEBUTZ & SENG SÉISSWAASSER- MATROUSEN

.

DE KAPITÄN MULLEBUTZ & SENG SÉISSWAASSERMATROUSEN ass e lëtzebuergesche Museksprojet vum Dan Tanson a vum Georges Urwald. Hei ginn traditionell Kannerlidder an engem Mäntelche vun haut a knackeg Pop- a Rocklidder kannergerecht op Lëtzebuergesch gespillt. Esou entsti flott Concerten fir matzemaachen fir Kanner vu 4 bis 9 Joer an hir Elteren, Grousselteren, Tattaen & Monnien, Giedelen & Pätteren an all aner Erwuesse Begleedung.

DE KAPITÄN MULLEBUTZ & SENG SÉISSWAASSERMATROUSEN sinn:

Dan Tanson Iddi, Konzept, Gesank
Georges Urwald Musikalesch Leedung, Arrangementer, Piano, Akkordeon, Gesank

Christian Peckels Gittar, Gesank  Tom Wiot Bassgei Jhang Kohnen Trompett John Wolter Getrommels Noemie Leer Gei, Gesank  Patrick Kim Wilhelm Trombonn Jessica Quintus Saxophonen Véronique Wagner-Steinmetz Gebäerdesprooch Dolmetscherin Claude Grosch Visuals Georges Majerus Tountechnik Bert Marijsse/Sven StreitzLuuchten + Videooperating Nathalie Moyen Beweegungen a Bléck vu baussen Anne-Marie Herckes/Joey Adam Kostümmer Alexandra Lichtenberger Zappee Arend Herold Produktiounsleedung

Produktioun AllerRetour Luxembourg asbl, Philharmonie Luxembourg
Koproduktioun Escher Theater, Aalt Stadhaus Differdange, Trifolion Iechternach

Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture, der Sacem an der Fondation indépendance

.

.

De Kapitän Mullebutz & seng Séisswaassermatrousen komme vun enger laanger Rees zeréck op Lëtzebuerg. Hiert Häerz ass voller Musek an de Kapp ass voller Erënnerungen un d’Länner, déi si gesinn hunn.

Doheem ass et awer am schéinsten an dofir wëlle si mat hire Frënn e grousst Fest feieren. An Dir sidd invitéiert! De Kapitän Mullebutz, d’Madame Li an d’Séisswaassermatrousen sange flott Kannerlidder vun heiheem an aus frieme Länner. D’Lidder erziele vun den Abenteuer déi si erlieft hunn, vum Liewen um Schëff a wat ee brauch fir e richtege Matrous ze sinn.

De Kapitän Mullebutz & seng Séisswaassermatrousen ass e beléifte Projet bei Kanner an hier Erwuesse Begleedung. Mir spille bekannte Volleks- a Kannerlidder an och bekannten Hits aus allen Dekaden fir dat alleguerte matsange kënnen. Esou sinn d’Kanner zesumme mat hiren Elteren invitéiert, e flotten Nomëtteg zesummen ze erliewen. 60 Minutte feinste Mullebutz-Spaass fir di ganz Famill!

Bei de Shows si Kanner an Erwuessener, déi schlecht héieren oder daf sinn, extra wëllkomm, well mer se mat der Hëllef vum Véronique Wagner-Steinmetz oder Lynn Mënster och an der  Gebäerdesprooch iwwersetzen.

D’Uropféierunge wore vum 15. bis 18. Mee 2015 am Kapuzinertheater vun der Stad Lëtzebuerg.

Déi erfollegräich Iddi, flott Kannerlidder an en neie Mäntelchen ze stiechen, Rock a Pop Songs kannergerecht op Lëtzebuergesch ze bréngen, huet mëttlerweil 3 Disken ënnert verschidden Themas eraus komm:

.

Produktioun: AllerRetourLuxembourg asbl, Philharmonie Luxembourg

Koproduktioun: Escher Theater, Aalt Stadhaus Differdange, Trifolion Iechternach.

Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture a vun der Sacem.

.