D’GESCHICHT VUM SIMI CALYPSO AN DEN ALLERLESCHTEN DODO

En Erzielconcert fir Kanner vu 4 bis 9 Joer.

E modernt Mäerchen iwwert Geräischer a Kläng, déi riicht aus der Kalahari Wüüst stamen. D’Geschicht gëtt vu onbekannten zäitgenësseschen Museks-instrumenter begleet, déi ‘sou gelunge Nimm hunn, wéi ACRUX, TIPAW, TOHA oder DINO.

No engem uerge Stuerm um Atlantik, ass de Matrous Simi den eenzegen vun der Schëffsbesatzung, deen iwwerlieft. D’Faass wat hie gerett huet, ass elo säi neit Doheem. Op där gelungener Insel wou en ugeschwemmt gouf, si genuch Palmen, Gestrëpp a Vullen, déi gelunge Näschter an de Beem bauen. Mee kee Futtballterrain, kee Wifi a keng aner Mënschen…d‘Langweil ass kaum auszehalen. 

© Philharmonie Luxembourg / Sébastien Grébille

Duerch en Zoufall begéint hien engem Dodo, engem komesche Vull mat engem grousse Schniewel, dee bal ‘sou grouss ass wéi e Schwan. Di zwee gi Frënn andeems de Simi den Dodo mat Bambara-Kakuette fiddert an den Dodo gëtt unhänglech wéi e Mupp, obwuel en ëmmer nees verschwënnt… kee weess wouhin.

© Philharmonie Luxembourg / Sébastien Grébille
© Philharmonie Luxembourg / Sébastien Grébille

Vum Dodo léiert de Simi, dass bal all Objet Musek mécht, wann een eng Afennoss dropschéisst. Esou dauert et net laang an de Simi baut seng éischt Museksinstrumenter…mam Resultat dass d’Langweil vun him erofpäerelt, wéi de Reen vum Dodo senge Fiedere.

Wéi di zwee op der Insel entdeckt ginn, geet eng grouss Rees duerch d’Concertshaiser an der ganzer Welt un, bis op emol den Dodo scho nees verschwonnen ass. Eng laang a witzeg Sich geet un.

© Philharmonie Luxembourg / Sébastien Grébille

Simi Calypso oder di aussergewéinlech Geschicht vum allerleschten Dodo ass en Erzielconcert de vun den eenzegaartegen Museksinstrumenter ACRUX, TOHA oder DINO begleet gëtt. De Victor Gama, 1960 an Angola gebuer, ass Designer a Musekskënschtler, dee genee wéi de Simi, seng Museksinstrumenter selwer entwéckelt, baut a spillt.

© Philharmonie Luxembourg / Sébastien Grébille

Den Erzielconcert ass am Kader vun enger Ausstellung vu dëse fantasteschen Instrumenter, déi am Hall vun der Philharmonie Lëtzebuerg ze bestaune sinn.

Betsy Dentzer Spill + Erzielkonscht

Victor Gama Acrux, Toha, Dino 

Salomé Pais Matos Toha 

Dan Tanson Textbuch, Konzeptioun an Inzenéierung

Isabell Boutens Illustratiounen 

Alexandra Lichtenberger Kostümer a Spillaccessoires 

Produktioun Philharmonie Luxembourg