SO MOL, LOBO!

© Sébastien Grébille
SO MOL, LOBO!
Erzielconcert fir Kanner vu 4 bis 9 Joer an hier Erwuesse Begleedung.
SO MOL, LOBO! ass eng Geschicht iwwer d’Schwätzen  an iwwert d'Verweigerung vum Schwätzen. Iwwer Geräischer oder d'Fehle vu Geräiscvher als Signal fir mat der Welt ze kommunizéieren a Wierder, déi heiansdo Liewe retten. An doriwwer, wéi wichteg et ass, mateneen ze schwätzen a sech eppes ze soen.
Eng BÜHNENADAPTATIOUN vum preisgekréinte Billerbuch vum Christiane Kremer & Vincent Biwer, am Kader vun der Serie MUSEK ERZIELT vun der PHILHARMONIE LËTZEBUERG
"Firwat ass den Himmel haut net blo?"
"Wéi vill Stécker Schockela sinn am Schockelasbotter?"
 
De Lobo gëtt keng Rou: Hie wëll ëmmer alles wëssen an huet ëmmer Froen.
 
"Du frees engem Lächer an de Bauch..."
"Lobo, elo net, so mir dat méi spéit..."
"Lobo, wann s de eppes soe wëlls, muss du de Fanger weisen..."
Keen hëlt sech Zäit, fir dem Lobo eng Äntwert ze ginn.
"Wa kee mir nolauschtert, da muss ech och net méi schwätzen", denk de Lobo fir sech an hält duerno einfach de Mond.
 
Dat geet esou laang gutt, bis e seng nei Nopesch Lola kenneléiert. 
 
SO MOL, LOBO !, ass eng Geschicht vum Christiane Kremer, déi 2019 mam Lëtzebuerger Buchpräis an der Kategorie Kannerbuch ausgezeechent ginn ass. D'Geschicht gëtt hei an enger Adaptatioun als Erzielconcert mat vill Gefill an Afillungsverméigen presentéiert, mat enger Kompositioun vum Catherine Kontz an enger Inzenéierung vum Dan Tanson.
 
Idi, Konzeptioun & Regie Dan Tanson
Kompositioun Catherine Kontz
 
Betsy Dentzer Erzielerin
Cathy Krier Piano
Louisa Marxen Perkussioun
Stephen Menotti Trombonn
 
Christiane Kremer Text
Dan Tanson Bühnenadaptatioun Text
Vincent Biwer Illustratiounen
 
Alexandra Lichtenberger Kostümer an Accessoiren
Sunday Adewale Adeniyi Luucht
© Sébastien Grébille
© Sébastien Grébille
© Sébastien Grébille
PREMIERE: 
 
Sa 25.03.2023, 16:00       Philharmonie Luxembourg, Espace Découverte                SOLD OUT
 
WEIDER VIRSTELLUNGEN: 
 
So 26.03.2023, 11:00 & 15:00 Philharmonie Luxembourg, Espace Découverte         SOLD OUT
Mo 27.03.2023, 09:15 & 10:30 (Schulvirstellungen)
 
TOURNEE:
 
Saison 2024/2025                                                  Tourmanagement: AllerRetourLuxembourg asbl
 
DAUER:
 
ca. 40 Min. 
 
ALTER:
 
fir Kanner vu 4 bis 9 Joer an hier Erwuesse Begleedung
© Sébastien Grébille